WANTERGRILLEN & Oxalsaier-Cours

Léif Imkerinnen, léif Imker,

D’Joer geet esou lues op een Enn an eis Beie kommen no enger laanger Saison zur Rou. Just eemol musse mir si an hirer Wanterpaus nach stéieren: fir dat mir eis och am nächste Joer un eise Beie kennen erfreeën, ass et wichteg, dat mir si optimal op d’Fréijoer virbereeden.

Dofir muss am Wanter, méi präzis am Dezember, d’Behandlung mat Oxalsaier gemaach ginn. Fir iech ze weisen, wéi dat geet, bidde mir, wéi all Joer, ee Cours mam Beieberoder Andreas Reichart un. Dëst Joer fënnt en erem zu Kalber beim Schleiderraum (Adresse: 2, am Eck L-9757 Kalborn ) statt.

A well sech hei d’Geleeënheet ergëtt, sech all erëmzegesinn, verbanne mir dëse Cours mat engem conviviale Moment. Dofir ass et eis eng grouss Freed, iech de 17. Dezember 2022 ab 11h zu eisem Oxalsaier-Cours mat engem uschléissende WANTERGRILLEN anzelueden. Dir sidd häerzlech agelueden, mat eis dat alt (Beie-)Joer mat engem gudde Patt a Maufel auskléngen ze loossen!

Mir freeën eis op iech! Mellt iech wannechgelift bis den 10. Dezember 2022 beim Sandy un !

De Comité