Wärend der Hëtztwell leide souwuel d’Mënschen wéi och d’Beien.
Gëtt et de Beien an hirem Stack ze waarm, probéiere si fir d’éischt, mat hire Flilleke kill Loft an de Stack ze fächeren. Falls dat net hëlleft, kenn et och virkommen, datt en Deel vun de Beien sech baussen un d’Këscht sëtzt, dëse Phänomen gëtt als Bienenbart bezeechent
Hei e puer Tipps wéi der de Meedercher kënnt hëllefen, déi héich Temperature besser ze packen:
Fluchlächer vun de Beute grouss opmaachen
Beiestand schattéieren
Isoléierend Thermodeckelen
Beiekëschte mat Blechdeckel besonnesch am A behalen
Abstandhalter tëscht Blechdeckel an Beutendeckel fir d‘Loftzirkulatioun
Schofswoll als Isolatioun ënnert de Blechdeckel
Naass Bueddicher iwwert d’Këschte leen
Ubidden vun Waasser a flache Schosselen mat Moos, Holz etc als Schwimmer
Fotos © CliärrwerBeieveräin


