Besamung vu Kinniginne vum VSH-Zuucht-Grupp

Den 2. Juni huet de VSH-Zuucht-Grupp (Aly Gilbert, Carlo Keiser, Lothar Probst a Claude Simon) vum Cliärrwer Beieveräin zu Dikrich an der Holdär 74 Carnica Kinniginne vum René Schieback aus Sachse besame gelooss.

Mir soen dem René een decke Merci fir déi perfekt Aarbecht.