Beiecours Dënschden den 10. Juni

Dësen Dënschden, den 10. Juni, fënnt eisen wéchentleche Beiecours op eisem Beiestand bei Eselbour statt.

Geplangt ass, fir an dësem Cours eng éischt Duerchsicht vun den Ableger vun dësem Joer ze maachen, fir ze kucken, ob nei Kinniginnen an de Völker sinn. E spannenden Moment.
Ausserdeem sollen d’MiniPlus Völkecher kontrolléiert ginn.An da steet nach d’Schleideren vum Fréijoershunneg um Programm.

Wéi ëmmer gëtt ët keng 100% Garantie, dass dës Aarbechten kënne wéi geplangt duerchgefouert ginn. Dëst hänkt ënnert anerem vum Wieder an der Situatioun um Beiestand of.

Denkt w.e.g. drun Iech hei um Internetsäit fir de Cours unzemellen.

Mer hoffen, vill Leit am Cours begréissen ze kënnen.