Generalversammlung 2026

De 4. Mäerz 2026 huet déi alljärlech Generalversammlung zu Munzen an der “Robbescheier” stattfonnt. Dës Versammlung gouf beräichert duerch ee ganz interessante Virtrag zu der “Vespa velutina” (asiatesch Horniss) vum Carsten Emser.

Posted on

Hëtzewell – Tipps fir de Beiestand

Wärend der Hëtztwell leide souwuel d’Mënschen wéi och d’Beien. Gëtt et de Beien an hirem Stack ze waarm, probéiere si fir d’éischt, mat hire Flilleke kill Loft an de Stack ze fächeren. Falls dat net hëlleft, kenn et och virkommen, datt en Deel vun de Beien sech baussen un d’Këscht sëtzt, dëse Phänomen gëtt als […]

Posted on

Beiecours den 30. Juni

Dësen Dënschden, den 1. Juli, fënnt eise wéchentleche Beiecours um 18.00 Auer op eisem Beiestand bei Eselbour statt. Des Kéier steet um Programm:– Allgemeng Duerchsicht vun de VëlkerDrohnenrimmecher schneideSchwarmstëmmung kontrolléiereVarroabefall kontrolléieren – Bei eise Mini-Plus Ableger hänke mer Kinniginnenzellen aus der Varroaresistenzzucht (VSH) aus eisem Veräin an. Mir hoffen, vill Leit am Cours begréissen ze […]

Posted on

Kape Verkaf

Fir bei dësen héijen Temperaturen e kille Kapp ze behalen, kënne mer Iech eis Kapen empfeelen. Falls Dir interesséiert sidd fir eise Veräi mam Kaf vun enger Kap fir 15 €/Stéck ze ënnerstëtzen, kënnt Dir eis uschreiwen ënnert follgender Mail-Adress: info@apis-clervaux@gmail.com Oder Dir kommt Dënschdes vun 18.00-19.00 Auer op Eselbour op eise Beiestand kucken

Posted on

Beiecours de 24. Juni

Och dësen Dënschden, den 24. Juni, fënnt eise wéchentleche Beiecours um 18.00 Auer op eisem Beiestand bei Eselbour statt. Des Kéier steet um Programm: Mir loossen e gefaangene Beieschwarm an eng grouss Këscht alafen a mir maachen Ableger fir eis Mini-Plus Këschten. Mir hoffen, vill Leit am Cours begréissen ze kënnen. Jiddereen ass wëllkomm.

Posted on

Beiecours de 17. Juni

Och dësen Dënschden, de 17. Juni, fënnt eise wéchentleche Beiecours op eisem Beiestand bei Eselbour statt. Déi lescht Woch hu mir eis Ableger vun dësem Joer op nei Kinniginne kontrolléiert a si net enttäuscht ginn. D’Fotoe kënnt Dir Iech am Unhang ukucken. Haut den Owend steet um Programm: Déi allgemeng Kontroll vun eise Vëlker a […]

Posted on

Raumaktioun Beiestand / Aufräum-Aktion Lehrbienenstand

Dëse Méinden, de 9. Juni, gouf mat vill Asaz a Motivatioun de Beiestand zu Eselbour geraumt. Mer soe jidderengem, dee gehollef huet, e grousse Merci. Hei fannt Dir d’Fotoe vum Resultat vun der Raumaktioun. An diesem Montag, dem 9. Juni, wurde mit viel Einsatz und Motivation der Lehrbienenstand des Vereins in Eselborn aufgeräumt.Wir möchten ein […]

Posted on

Beiecours Dënschden den 10. Juni

Dësen Dënschden, den 10. Juni, fënnt eisen wéchentleche Beiecours op eisem Beiestand bei Eselbour statt. Geplangt ass, fir an dësem Cours eng éischt Duerchsicht vun den Ableger vun dësem Joer ze maachen, fir ze kucken, ob nei Kinniginnen an de Völker sinn. E spannenden Moment.Ausserdeem sollen d’MiniPlus Völkecher kontrolléiert ginn.An da steet nach d’Schleideren vum […]

Posted on

Besamung vu Kinniginne vum VSH-Zuucht-Grupp

Den 2. Juni huet de VSH-Zuucht-Grupp (Aly Gilbert, Carlo Keiser, Lothar Probst a Claude Simon) vum Cliärrwer Beieveräin zu Dikrich an der Holdär 74 Carnica Kinniginne vum René Schieback aus Sachse besame gelooss. Mir soen dem René een decke Merci fir déi perfekt Aarbecht.

Posted on