Och dësen Dënschden, den 24. Juni, fënnt eise wéchentleche Beiecours um 18.00 Auer op eisem Beiestand bei Eselbour statt.
Des Kéier steet um Programm:
Mir loossen e gefaangene Beieschwarm an eng grouss Këscht alafen a mir maachen Ableger fir eis Mini-Plus Këschten.
Mir hoffen, vill Leit am Cours begréissen ze kënnen. Jiddereen ass wëllkomm.

