Och dësen Dënschden, de 17. Juni, fënnt eise wéchentleche Beiecours op eisem Beiestand bei Eselbour statt.
Déi lescht Woch hu mir eis Ableger vun dësem Joer op nei Kinniginne kontrolléiert a si net enttäuscht ginn. D’Fotoe kënnt Dir Iech am Unhang ukucken.
Haut den Owend steet um Programm: Déi allgemeng Kontroll vun eise Vëlker a Varroa-Prophylaxe duerch Drone-Rimmercher schneiden.
Mir hoffen, vill Leit am Cours begréissen ze kënnen. Jiddereen ass wëllkomm.

